Westfälesche Fridden
From Wikipedia, the free encyclopedia
Westfälesche Fridden (oder Westfälesch Friddenstraitéen) ass de gängegen Numm vun de Friddensverträg, déi tëscht dem Januar an dem 24. Oktober 1648 zu Münster an zu Osnabrück ënnerschriwwe goufen. Mat hinne goung den Drëssegjärege Krich an Däitschland op en Enn, a gläichzäiteg och den Achtzegjäregen Onofhängegkeetskrich vun den Nidderlanden.
Bei de Westfälesche Friddensverträg goufen dräi Dokumenter ënnerschriwwen:
- De Fridde vu Münster, den 30. Januar 1648 tëscht der spuenescher Kroun an de Vereenegte Provënzen, mat Austausch vun de Ratifikatiounsdokumenter de 15. Mee 1648.
- Zwéi Verträg goufen de 24. Oktober 1648 ënnerschriwwen an zwar:
- Den Traité vu Münster, Instrumentum Pacis Monasteriensis (Münster Friddensvertrag), tëscht dem däitsche Keeser an dem Kinnek vu Frankräich (an hire respektiven Alliéierten)
- Den Traité vun Osnabrück, Instrumentum Pacis Osnabrugensis tëscht Däitschland a Schweden.
Déi zwéi goufen de selwechten Dag zu Münster am Numm vum Keeser Ferdinand III. a vum Louis XIV. vu Frankräich, resp. vun der Kinnigin Christina vu Schweden ënnerschriwwen.
D'Virbereedung vum Friddenskongress a béide Stied, den éischten internationale Kongress, op deem praktesch all grouss europäesch Muechte vertruede waren, huet bal 5 Joer gedauert.
D'Resultat huet iwwer honnert Joer laang d'geopolitesch Uerdnung an Europa gehalen.
D'Friddensverträg goufen e Virbild fir spéider Friddenskonferenzen, well s'als Prinzip d'Gläichberechtegung vun de Staaten haten, egal wéi grouss oder wéi staark se waren.
D'Reegelungen déi dat Däitscht Räich betraff hunn, goufe Bestanddeel vun der Verfassungsuerdnung vum Hellege Réimesche Räich bis zu deem sengen Enn, 1806.