Zivilkonstitutioun vum Klerus
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gesetz iwwer d'Zivilkonstitutioun vum Klerus (fr.: Constitution civile du clergé), wat den 12. Juli 1790 vun der Assemblée constituante gestëmmt gouf, sollt am revolutionäre Frankräich d'Konkordat aus dem Joer 1516 ersetzen.
D'Zivilkonstitutioun vum Klerus hat sech als Zil gesat, d'Kierch a Frankräich ze reorganiséieren, andeems d'kathoulesch Paschtéier « fonctionnaires publics ecclésiastiques », also Staatsbeamte sollte ginn.
Dem Historiker Timothy Tackett no huet dës Constitutioun d'Land op laang Zäit an zwee gedeelt. D'Loi sur l'abolition des vœux monastiques vum 13. Februar 1790, déi 100.000 Membere vum Klerus, déi net zu enger Par gehéiert hunn, ofgeschaaft huet, huet mat zu dësem Broch bäigedroen.