Éditions Saint-Paul
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Éditions Saint-Paul war e lëtzebuergesche Verlag, dee Bicher an Ebooks erausbréngt. De Verlag war eng Branche vun der Mammegesellschaft Saint-Paul Luxembourg s. a.[1] mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.
Séier Fakten Sëtz, Branche ...
Éditions Saint-Paul | |
---|---|
Sëtz |
2, rue Christophe Plantin L-2339 Stad Lëtzebuerg |
Branche | Verlag |
Produit | Bicher, eBicher |
Homepage | www.editions.lu |
Zoumaachen
E war 1887 gegrënnt ginn, a war dee gréisste Verlag zu Lëtzebuerg (wann een den Office des publications de l'Union européenne op der Säit léisst).
Säi Sortiment war breet gefächert a goung vun der Geschicht iwwer Toursismus, Sport, Droit, Steierrecht, Dictionnairen a Konscht, Jugend bis hin zu Fiktiounsliteratur.[2]
Op den 1. Januar 2020 huet de Groupe Saint-Paul decidéiert, de Verlag zouzemaachen.[3] D'Éditions Schortgen hunn d'Verlagsaktivitéiten iwwerholl.[4]