Eurovision Song Contest 2005
50. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 50. Eurovision Song Contest war den 19. an 21. Mee 2005 an der Ukrain. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Sportpalast (Palats Sportu) zu Kiew. Presentateure waren d'Marija Jefrossynina an de Pawlo Schylko (DJ Pasha). Den ukrainesche President Wiktor Juschtschenko an déi ukrainesch Premierministesch Julija Tymoschenko si bei der Finall perséinlich dobäi gewiescht.
50. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Awakening |
Datum | 19. Mee an 21. Mee 2005 |
Stad | Kiew (Ukrain) |
Gebai | Palats Sportu |
Gewënner | Elena Paparizou (Griicheland) |
Zuel vu Länner | 39, dovu 24 an der Finall |
Nei Participatiounen | Bulgarien, Moldawien |
Moderatioun | Marija Jefrossynina a Pawlo Schylko |
Interval Act | Ruslana mat "The Same Star"; De Kiew Perkussion Ensemble ARS NOVA; Anatoli Salewski |
Ofstëmmungsreegel | All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Bulgarien a Moldawien si nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 11 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 39 Länner matgemaach. Dat war déi bis dohi gréissten Zuel u Länner déi matgemaach hunn.
Wéinst der grousser Zuel u Länner déi wollte matmaachen ass och dëst Joer eng Qualifikatiounsronn (Halleffinall) ofgehale ginn. 25 Länner sinn den 19. Mee géinteneen ugetratt. Déi zéng bescht hu sech fir d'Finall den 21. Mee qualifizéiert. Do si se dann op déi 14 Länner getraff déi sech am Joer virdru scho fir d'Finall qualifizéiert haten (dat waren déi Big-4: Frankräich, Däitschland, Groussbritannien, Spuenien an déi 10 bescht aus der Finall vun 2004).
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Constantinos Christoforou fir Zypern 1996 an 2002 (Deel vum Grupp One), d'Elena Paparizou fir Griicheland 2001 (Deel vum Grupp Antique), d'Selma fir Island 1999 an d'Chiara fir Malta 1998.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt gi fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Kiew matgedeelt ginn. D'Länner hunn alleguer, souwuel an der Halleffinall, wéi och an der Finall däerfen ofstëmmen.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Griicheland, d'Elena Paparizou mat 38 Punkte Virsprong virum Chiara (Malta). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Luminița Anghel & Sistem, déi fir Rumänien ugetruede waren.
Fir Griicheland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.