Richard Harris
iresche Schauspiller, Filmproduzent, Filmregisseur a Sänger / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Richard Harris, gebuer als Richard St. John Harris den 1. Oktober 1930 zu Limerick, Irland a gestuerwen de 25. Oktober 2002 zu London, war en iresche Schauspiller, Filmproduzent, Filmregisseur a Sänger.
Richard Harris | |
---|---|
Gebuertsnumm | Richard St John Harris |
Gebuer |
1. Oktober 1930 Limerick |
Gestuerwen | 25. Oktober 2002 |
Nationalitéit | Irland |
Educatioun | London Academy of Music and Dramatic Art |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Sänger, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Philosoph, Liddermécher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Museker, Regisseur, Discographesche Kënschtler |
Famill | |
Bestuet mat | Elizabeth Rees-Williams |
Bekannt a beim grousse Publikum beléift Filmer vum Richard Harris waren The Guns of Navarone (1961) vum J. Lee Thompson mam Gregory Peck, David Niven an Anthony Quinn, Mutiny on the Bounty (1962) vum Lewis Milestone mam Marlon Brando an A Man Called Horse (1970) vum Elliot Silverstein. Donieft war hien a kënschtleresch wäertvolle Filmer wéi This Sporting Life (1963) vum Lindsay Anderson mam Rachel Roberts, Il deserto rosso (1963) vum Michelangelo Antonioni mam Monica Vitti a Major Dundee (1964) vum Sam Peckinpah mam Charlton Heston a Senta Berger ze gesinn.