Bruno Latour
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bruno Latour, gebuer den 22. Juni 1947 zu Beaune, a gestuerwen den 9. Oktober 2022[1] zu Paräis, war e franséische Soziolog a Philosoph. Seng Schwéierpunkttheme louchen an der Wëssenschafts- an an der Techniksoziologie. De Latour war ee vun de Grënner vun der Acteur-Réseaus-Theorie.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Bruno Latour | |
---|---|
Gebuertsnumm | Bruno Paul Louis Latour |
Gebuer |
22. Juni 1947 Beaune |
Gestuerwen |
8. Oktober 2022 13. Arrondissement |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École des hautes études en sciences sociales, Lycée Saint-Louis-de-Gonzague, Université de Bourgogne |
Aktivitéit | Anthropolog, Soziolog, Professer, Philosoph, Schrëftsteller |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, British Academy |
Zoumaachen
Als Wëssenschafstsoziolog huet hien dat gesellschaftlecht Ëmfeld erfuerscht, an deem "Wëssen" a "Wëssenschaft" entstinn; d. h., wat fir Paradigme mat beaflossen, wat herno als Fuerschungsresultat "objektiv" oder "neutral" duergestallt gëtt.[2]