Centre de recherche public Henri-Tudor
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre de recherche public Henri-Tudor war eng ëffentlech Fuerschungsariichtung zu Lëtzebuerg mat Sëtz um Kierchbierg[1] an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Secteure vun de Servicer, der Produktioun, der Santé a der Sozialversécherung, awer och den ëffentleche Secteur als Ganzt cibléiert huet. E besonnescht Zilpublikum waren déi Kleng- a Mëttelbetriber (PME).
E gouf den 31. Juli 1987 duerch e groussherzoglecht Reglement[2] als CRP beim IST an d'Liewe geruff a gouf an de Statuten, déi als Annexe zum Groussherzogleche Reglement verëffentlecht goufen, nom lëtzebuergeschen Ingenieur Henri Tudor genannt, dem Erfinder vum éischte brauchbare Bläiakkumulator. En ass 2015 mam Centre de recherche public Gabriel-Lippmann fusionéiert an am Luxembourg Institute of Science and Technology opgaangen.
An Zesummenaarbecht mam Centre hospitalier de Luxembourg huet den CRP Henri-Tudor de Site WikiFood bedriwwen.