Centre hospitalier Émile-Mayrisch
Spidolsstruktur am Süde vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre hospitalier Émile-Mayrisch, kuerz CHEM, ass eng Spidolsstruktur, am Süde vu Lëtzebuerg, déi op dräi Uertschafte verdeelt ass:
- Esch-Uelzecht: d'Escher Spidol, mam Centre national de radiothérapie François Baclesse an dem Centre national d'oxygénothérapie hyperbare;
- Nidderkuer: d'Nidderkuerer Spidol (fréier Hôpital intercommunal Princesse Marie-Astrid);
- Diddeleng: d'Diddelenger Spidol.
Centre hospitalier Émile-Mayrisch | |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Address: | Rue Emile Mayrisch
L-4240 Esch-sur-Alzette 187, avenue de la Liberté L-4602 Niederkorn Rue de l'Hôpital L-3488 Dudelange |
Typ: | Privat |
Ouverture: | |
Stationär Better: | 642 (2018)[1] |
Mataarbechter: | 1906 (2018)[1] |
dovun Doktoren: | 261 (2018)[1] |
Websäit: | www.chem.lu |
Am Ganze schaffen iwwer 1.900 Leit am CHEM, dovun 261 Dokteren(Zuelen 2018)[1].
De CHEM ass aus zwou Fusiounen entstanen; 2004 aus där vum Escher a vum Diddelenger Spidol, an 2007, wéi d'Nidderkuerer Spidol mat derbäikoum[2].
Zanterhier lafe Pläng, en neit Spidol, d'Südspidol, zu Esch-Raemerich op Elsenbrich ze bauen, dat déi 3 eeler Gebaier ersetze soll. Iwwerdeems 2015 nach virgesi war, dass d'Aarbechte vun 2019-2022 dauere sollten[3]; ass ewell (Stand 2023) de Plang, dass se bis 2030 ofgeschloss solle sinn[Source?].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Südspidol.
Den Numm geet op de fréieren Arbedsdirekter Emile Mayrisch zeréck, dee sech notamment fir de Bau vum Escher Spidol agesat huet.
2018 hat de CHEM e Budget vu knapps 249 Milliounen Euro. 144.000 Leit goufen dat Joer do behandelt[1].