Centro Democrático e Social - Partido Popular
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'CDS-PP (Centro Democrático e Social – Partido Popular, op Lëtzebuergesch "Demokrateschen a Sozialen Zentrum – Vollekspartei) ass eng rietskonservativ Partei a Portugal.
Centro Democrático e Social – Partido Popular | |
---|---|
Ofkierzung | CDS-PP |
President | Nuno Melo |
Gegrënnt | Juli 1974 |
Parteizentral |
Lgo Adelino Amaro da Costa, 5 1149-063 Lisboa |
Jugendorganisatioun | Juventude Popular (JD)[1] |
Ideologie |
Chrëschtlech Demokratie Nationalkonservatismus Wirtschaftsliberalismus |
Politesch Positioun | Riets |
National Affiliatioun |
AD (1979–1983) PàF (2015) AD (2024) |
Europäesch Affiliatioun | EVP |
Europäesch Parlamentsgrupp | EVP |
Faarf | Blo |
Websäit | |
https://cds.pt/ | |
No der Oeillets-Revolutioun ass d'Vollekspartei 1975 fir d'éischt an der Assemblée constituante (Assembleia Constituinte) gewielt ginn a war duerno ouni Ënnerbriechung vun 1976 bis 2022 am portugisesche Parlament vertrueden. Si huet e puermol, mat verschiddene Koalitiounspartner, d'portugisesch Regierung gestallt. De President vun der Partei ass zënter 2022 den Nuno Melo.[2]
D'CDS-PP gëtt vun engem Deputéierten am Europaparlament vertrueden. Um europäeschen Niveau war d'CDS-PP laang Zäit Member vun den Europäesche Demokraten, enger EU-skeptescher Allianz vu konservative Parteien, déi eng Fraktiounsgrupp mat der Europäescher Vollekspartei (EPP) am Europaparlament gegrënnt huet. D'CDS-PP huet sech awer duerno bei der EPP ugeschloss. Op internationalem Niveau ass d'Partei Member vun der International Democratic Union (IDU).
Obwuel d'CDS-PP ursprénglech als Zentrumspartei gegrënnt gi war, wat och am Parteinumm reflektéiert gëtt, representéiert se haut konservativ bis rietskonservativ Positiounen. D'CDS-PP fuerdert eng restriktiv Immigratiounspolitik a steet der kathoulescher Kierch no.