Europäesch Vollekspartei
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Vollekspartei (en.: European People's Party (EPP); fr.: Parti populaire européen (PPE); de.: Europäische Volkspartei (EVP)) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si gouf 1976 vun europäesche chrëschtleche Parteie gegrënnt a setzt sech haut aus chrëschtlech-demokrateschen an anere konservative Parteien aus dem Mëtt-rietse Spektrum zesummen.
Europäesch Vollekspartei | |
---|---|
Ofkierzung | EPP |
President | Manfred Weber |
Gegrënnt | 8. Juli 1976 |
Parteizentral |
Rue du Commerce Handelsstraat 10 Bréissel, B-1000 |
Ideologien |
konservativ chrëschtlech-demokratesch pro-europäesch |
Politesch Positioun | Lénks |
Faarwen | Blo an Orange |
Europaparlament |
167/705 Sëtz |
Websäit | |
www.epp.eu | |
Memberparteie sinn ënner anerem d'CSV (Lëtzebuerg), d'CDU (Däitschland), d'Republikaner (Les Républicains, Frankräich), de Partido Popular (Spuenien), d'Forza Italia (Italien), d'PPD/PSD an d'CDS-PP (Portugal).
Bei den Europawalen 2019 krut d'Fraktioun vun der EPP 182 Deputéiert, dat si 24,23% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[1] Déi Zuel wäert sech nom Brexit änneren, wann déi brittesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verléieren.