Partido Social Democrata
politesch Partei a Portugal / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Partido Social Democrata (PSD) ass eng konservativ-liberal portugisesch Partei. Se gouf de 6. Mee 1974 ënner dem Numm Partido Popular Democrático (PPD) gegrënnt. Zesumme mat de Sozialisten (Partido Socialista) ass et eng vun den zwou Volleksparteien a Portugal.
Séier Fakten Ofkierzung, President ...
Partido Social Democrata | |
---|---|
Ofkierzung | PPD/PSD |
President | Luís Montenegro |
Gegrënnt | Mee 1974 |
Parteizentral |
R. São Caetano, 9 1249-087 Lisboa |
Jugendorganisatioun | Juventude Social Democrata (JSD) |
Ideologie |
Chrëschtlech Demokratie Konservatismus |
Politesch Positioun | Mëtt-riets |
National Affiliatioun |
AD (1979–1983) PàF (2015) AD (2024) |
Europäesch Affiliatioun | EVP |
Europäesch Parlamentsgrupp | EVP |
Faarf | Orange |
Parlament |
77/230 Sëtz |
Europaparlament |
6/21 Sëtz |
Websäit | |
psd.pt/ | |
Zoumaachen
Déi dräi Fäiler am Parteilogo representéieren déi dräi sozialdemokratesch Grondwäerter: Fräiheet, Gläichheet, Solidaritéit.[1]
De PSD ass den Editeur vun der Zeitung Povo Livre [2] (op lëtzebuergesch "Fräit Vollek"). Hir Jugendorganisatioun ass d'Juventude Social Democrata ("Sozialdemokratesch Jugend"; JSD), déi och 1974 gegrënnt gouf.[3],[4]