Eurovision Song Contest 2021
65. Editioun vum europäesche Museksconcours / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 65. Eurovision Song Contest (gekierzt ESC) war vum 18. bis den 22. Mee 2021 an der Ahoy Arena an der hollännescher Stad Rotterdam.[3] Nodeems Holland den Eurovision Song Contest 2019 gewonnen huet an d'Evenement 2020 zu Rotterdam wéinst der COVID-19 Pandemie annuléiert gouf, war elo den Eurovision Song Contest 2021 do. Et war déi fënneft Kéier, datt Holland de Concours organiséiert.[4]
Méi Informatiounen 65. Eurovision Song Contest ...
65. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Open Up (Maach op) |
Datum | 18. Mee 2021 (éischt Halleffinall) 20. Mee 2021 (zweet Halleffinall) 22. Mee 2021 (Finall) |
Gaaschtland | Holland |
Stad | Rotterdam |
Gebai | Rotterdam Ahoy |
Organisateur | , , |
Moderatioun | Chantal Janzen Edsilia Rombley Jan Smit Nikkie de Jager |
Executive Supervisor | Martin Österdahl |
Opening Act | Halleffinall 1: Duncan Laurence: Feel Something Halleffinall 2: Redo an Eefje de Visser: Forward Unlimited Finall: Fändelparad vun de 26 Finaliste mat Musek vum Pieter Gabriel & Eric van Tijn |
Interval Act | Halleffinall 1: Davina Michelle an Thekla Reuten: The Power of Water Halleffinall 2: Opféierunge vum Balletdänzer Ahmad Joudeh a BMX Coureur Dez Maarsen: Close Encounter of a Special Kind Finall: Duncan Laurence: Stars an Arcade Afrojack, Glennis Grace a Wulf: Music Binds Us Optrëtter vu fréiere Gewënner op den Diech vu Rotterdam (Rock the Roof): - Lenny Kuhr: De Troubadour - Teach-In mam Getty Kaspers: Ding-A-Dong - Sandra Kim: J’aime la vie - Helena Paparizou: My Number One - Lordi: Hard Rock Hallelujah - Måns Zelmerlöw: Heroes Danzvirstellung: The Human Countdown |
Zuel vu Länner | 39 |
Gewënner | Måneskin |
Nei Participatiounen | keng |
Participanten déi zeréckkoumen | Bulgarien Ukrain |
Participatiounen zeréckgezunn | Armenien[1] |
Disqualifizéiert Participanten | Wäissrussland[2] |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, zweemol 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
Zoumaachen
Den 20. Mäerz 2020 huet d'European Broadcasting Union (EBU) ugekënnegt datt d'Referenzgrupp vum ESC decidéiert huet, datt d'Lidder, déi ursprénglech fir 2020 ausgewielt goufen, net méi fir 2021 gëlle géifen. Et war de Sendere vun de Länner, déi matgemaach hunn, iwwerlooss, ob dee selwechten oder en anere Kënschtler fir den ESC 2021 ausgewielt gëtt.