Gabriel Lippmann
franséische Physiker an Erfinder / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jonas Ferdinand Gabriel Lippmann, gebuer de 16. August[1] 1845 zu Bouneweg[2] (deemools Gemeng Hollerech, zanter 1920 Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen den 13. Juli 1921 am Atlantik,[3] um Passagéierschëff France, op enger Réckrees vu Kanada no Frankräich, war e franséische Physiker an Erfinder. Hie krut 1908 den Nobelpräis an der Physik.
Gabriel Lippmann | |
---|---|
Gebuer |
16. August 1845 Bouneweg |
Gestuerwen |
13. Juli 1921 Atlanteschen Ozean |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École normale supérieure, Lycée Henri IV, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Physiker, Erfinder, Fotograf, Professer |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino, Société astronomique de France |
Famill | |
Bestuet mat | Laurence Cherbuliez |
Mat 3 Joer ass de klenge Gabriel mat senger Famill vu Lëtzebuerg op Paräis geplënnert, wou hien an de Lycée Henri-IV an duerno op d'École normale supérieure gaangen ass. De Studium do huet en awer net ofgeschloss. Wat hien intresséiert huet, war d'Physik. Hie goung op Heidelberg an de Physikslaboratoire Kuhne und Kirchhoff schaffen, duerno op Berlin bei den Hermann von Helmholtz.
1876 huet en zu Paräis seng Doktoratsthes an den Annales de chimie et de physique publizéiert ënner dem Titel Relations entre les phénomènes électriques et capillaires. Si huet därmoossen Androck gemaach, datt hie vum Erzéiungsminister Duruy 1883 als Professer fir Mathematik op d'Sorbonne beruff gouf. 1886 war hie Professer fir experimentell Physik. Op der Sorbonne huet de Lippmann och d'Dokterarbecht vun der Marie Curie betreit.[4]
1886 gouf de Gabriel Lippmann an déi franséisch Académie des sciences opgeholl, 1896 an d'Londoner Royal Society an am Joer 1900 an d'Berliner Akademie der Wissenschaften.[5]