Gantebeensmillen
fréier Millen an der Gemeng Hesper / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gantebeensmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper an et war fréier eng vu fënnef Waassermillen déi am Uelzechtdall an der Ëmgéigend vun Hamm funktionéiert hunn.
Gantebeensmillen | |
---|---|
Iwwerreschter vun der Waassermillen op der Gantebeensmillen | |
An anere Sproochen |
fr: Moulin de Gantenbein de: Gantenbeinsmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Hesper |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Koordinaten |
49° 36’ 15.1’’ N 06° 10’ 11.2’’ O |
Déi wirtschaftlech Bedeitung vun de Mille laanscht d'Uelzecht bestoung virun allem doran, datt s'an der virindustrieller Zäit déi eenzeg Energieproduzente waren. Do gouf Waasserkraaft a mechanesch Energie ëmgewandelt. Ronderëm d'Millen huet d'industriell Revolutioun am 19. Joerhonnert ugefaangen.
Nach ier den neien Thomas-Procedé zu Lëtzebuerg bekannt gouf - mat deem een aus phosphorhaltegem Minett Stol gewanne kann - hat an der Géigend vun Hamm d'industriell Produktioun schonn ugefaangen d'Agrarproduktioun lues a lues ofzeléisen[1].
D'Gantebeensmillen war eng vu 5 Millen am Uelzechtdall a geet wuel bis an d'Joer 1786 zeréck a war fréier ënner dem Numm „Mille beim Tuerbelsfiels“[1] bekannt. Et war eng Schläifmille mat 2 Gebaier[2] war, déi am Joer 1821 dem Peter Gantenbein gehéiert huet. 1823 krut hien d'Autorisatioun fir d'Platinerei an eng Mielmillen ëmzebauen[3]. 1872 ass d'Millen dunn un d'Duchfabrik vun e Bridder Godchaux verkaf ginn.
1934 huet d'Famill C. Kremer-Legros op der Gantebeensmillen um lénksen Uwänner eng oppe Schwämm[4] an eng Wiertschaft opgemaach. 1945 war dunn d'Ouverture vun der Hostellerie Gantenbeinsmühle vum Jules Rolling[3].
De Succès vun der Schwämm mat hirem Café huet bis Ufank vun den 1960er Jore gedauert; duerno ass et méi roueg ginn a schlussendlech gouf zougemaach. An den 1970er Jore koum en neie Proprietär deen de Schwammbaseng renovéiert, e Bar op der Terrasse an e Café-Restaurant nei opgemaach huet[5].
D'Schwämm an de Restaurant hunn ...[Wéini ?] definitiv zougemaach, an zënterhier stinn d'Gebaier eidel a verfalen. Aus engem Projet vun engem Wellnesshotel, deen 2012 opkoum, grad ewéi virdrun deene vun enger Diskothéik oder engem Club-Restaurant[6], ass näischt ginn. Den 31. Mee 2017 huet et am fréiere Restaurant gebrannt[7].
Am Summer 2021 gouf op der Gantebeensmille fir e puer Méint e Pop-up Open-air-Club mam Numm “The River” installéiert.[8]
D'Parzelle gehéieren der Gesellschaft PropCo 1, déi Mëtt Dezember 2021 gegrënnt gouf. Den eenzege Gesellschafter ass d'Firma Greenfich Capital Management S.A.[9]
De 26. Januar 2024 huet et an enger Veranda um Terrain vun der Mille gebrannt[10].
De Kayak Club Olympia Hamm, deen 1936 gegrënnt gouf an zënter 1997 de Kayak Club Hesper ass, huet säi Bootshaus op der Gantebeensmillen.