Jack Klugman
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Jacob Joachim "Jack" Klugman, gebuer de 27. Abrëll 1922 zu Philadelphia, Pennsylvania a gestuerwen de 24. Dezember 2012 zu Northridge, Kalifornien[1], war en US-amerikanesche Film- an Tëleeschauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Jack Klugman | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacob Joachim Klugman |
Gebuer |
27. Abrëll 1922 Philadelphia |
Gestuerwen |
24. Dezember 2012 Los Angeles |
Doudesursaach | Prostatakriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Carnegie Mellon University |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Zoumaachen
Hie gouf virun allem duerch seng Roll als Sportjournalist Oscar Madison an der US-Tëleesserie The Odd Couple (1970-1975) bekannt, déi op der däitscher Tëlee als Männerwirtschaft gelaf ass, an déi um Neil Simon sengem Theaterstéck mam selwechten Numm baséiert (1965), dat 1968 mam Jack Lemmon a mam Walter Matthau verfilmt gouf.
E weidere Succès hat hien an der Roll vum Médecin légiste Dr. R. Quincy an der Tëleesserie Quincy (1976-1983).