Jean-Claude Muller
lëtzebuergesche Linguist a Kulturwëssenschaftler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Claude Muller, gebuer den 8. Mäerz 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Linguist (Sanskrit) a Kulturwëssenschaftler.
Jean-Claude Muller | |
---|---|
Gebuer |
8. Mäerz 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist |
No sengem Secondaire am Dikrecher Kolléisch (LCD) huet de J.-Cl. Muller Indian Studies zu Oxford an zu Paräis studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss.
Hien huet ëm 1988/90 gehollef e puer grouss Ausstellungen ze koordinéieren (1989 - 150 Joer onofhängeg, 100 Joer Nassau-Weilburg-Dynastie,...) an huet duerno e puer Joer am Service Information et Presse vum Staatsministère geschafft.
Vun 1997 bis 2001 war hien Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, woubäi d'Monique Kieffer vun 1999 un Direkter faisant fonction war. Duerno gouf hien zum Koordinator vun de Bibliothéiken an der Groussregioun ernannt. Ënner der Regierung Bettel-Schneider gouf hien da Conseiller culturel am Staatsministère, zoustänneg fir d'Medailen an d'Mémoire.[1]
Hien ass de President vun der Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique an ee vun den Administrateure vum Institut archéologique du Luxembourg, a.s.b.l. zu Arel.