Jean-Pierre Kraemer
lëtzebuergesche Schrëftsteller, Lyceesprofesser a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Pierre Kraemer, gebuer de 24. Dezember 1939 zu Ettelbréck a gestuerwen den 31. Mee 2020[1], war e lëtzebuergeschen Enseignant, Schrëftsteller a Politiker.[2].
Jean-Pierre Kraemer | |
---|---|
Gebuer |
24. Dezember 1939 Ettelbréck |
Gestuerwen | 31. Mee 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
Partei | CSV |
Hie war vun 1994 bis 2015 President vun der Commission nationale luxembourgeoise pour la coopération avec l'Unesco[1]. Ënner sengem Mandat goufen d'Alstad an d'Festung vun der Stad Lëtzebuerg an d'Lëscht vun de Weltierwen (Europa) opgeholl.
Hien huet säi Secondaire am Lycée classique zu Dikrech gemaach an duerno zu Lëtzebuerg, Nanzeg a Paräis Literatur, Philosophie a Latäin studéiert[1].
De Jean-Pierre Kraemer huet Franséisch a Philosophie, vun 1964 un als Secondairesprofesser zu Dikrech a vun 1972 bis 1974 am Collège d'enseignement moyen et professionnel zu Ettelbréck, enseignéiert.
De Jean-Pierre Kraemer war vun 1977 bis 1984 Generalsekretär vun der CSV[1] a vun 1988 bis 2004 Generalinspekter fir d'Primärschoulen zu Lëtzebuerg.