Jean Conzemius (Buergermeeschter)
lëtzebuergesche Politiker an Dokter / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Nicolas Conzemius, gebuer den 13. Mee 1839[1] zu Ierpeldeng a gestuerwen de 6. Juni 1918 zu Déifferdeng[2], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Dokter Jean Nicolas Conzemius. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Conzemius. |
Jean Conzemius | |
---|---|
Gebuer |
13. Mee 1839 Ierpeldeng |
Gestuerwen |
6. Juni 1918 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Politiker |
Famill | |
Kanner | Émile Conzemius |
De Jean Nicolas Conzemius huet am November 1867 säin Doktorat an der Medezin an an der Chirurgie zu Lëtzebuerg gemaach[3] a sech duerno zu Ettelbréck als Doktor etabléiert[4]. 1872 huet hie sech zu Housen niddergelooss, an 1873 zu Déifferdeng.[5]
De Conzemius war Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng vun 1906 bis 1912. Den Déifferdenger Gemengerot huet enger Strooss an der Stad Déifferdeng (Quartier Fousbann) säin Numm ginn: rue Dr. Conzemius.[6]
De Conzemius war Member vun der Société des sciences médicales [7] a vun 1872 u vun der Société de botanique[8] respektiv der Société des naturalistes luxembourgeois (bis zu sengem Doud[9]).
Säi Fils war den Émile Conzemius, deen als Dokter am Kongo geschafft huet.