Jung-Luxemburg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Jung-Luxemburg: Wochenblatt des Verbandes Luxemb[ur]g[er] kath[olischer] Jugendvereine (Variante vum Ënnertitel: Organ des Verbandes der Luxemburger katholischen Jugendvereine (1914-1925) a Verbandszeitung der luxemburgischen katholischen Jugendvereine) war eng Zeitung haaptsächlech an däitscher Sprooch, déi vun 1914 bis 1940 zweemol de Mount, 1936 bis 1938 all Woch, erauskoum.[1]
Hir Devise war: Tapfer im Kampf gegen das Böse, treu dem Altar und dem Thron!.[2] Se hat vun 1927 un eng Bäiluecht, Der Jung-Winzer.[3]
De Lucien Blau huet s'als eng rietsradikal Publikatioun beschriwwen, déi géint Marxismus a Liberalismus, géint "Sittenverfall" a Gottlosegkeet, geschriwwen huet, Antisemitismus an e virulenten Auslännerhaass verbreet huet, déi am Spuenesche Biergerkrich zum "Heldengeneral Franco" gehalen, an déi de belsche Rexismus an den éisträichesche Ständestaat als Modell ugesinn huet.[4]