Karl-Gotthelf Kind
däitsche Buermeeschter / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Carl (och Karl oder Charles) Gotthelf Kind, gebuer de 6. Juni 1801 zu Linda a Sachsen, a gestuerwen den 9. Mäerz 1873 a sengem Domaine La Brême d'Or (Die Goldene Bremm) bei Spicheren[1], war en däitsche Buermeeschter.
Karl-Gotthelf Kind | |
---|---|
Gebuer | 6. Juni 1801 |
Gestuerwen |
9. Mäerz 1873 Spicheren |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Ingenieur |
Hien huet a Sachsen-Weimar an an Thüringen no Kachsalz buere gelooss. Duerno koum hien op Lëtzebuerg, wou en zu Zéisseng (1837 – 1839),[2] Iechternach (1839 -1840)[3] a Munneref (vum 17. Juni 1841 bis de 17. Juli 1846)[4] no Salz gesicht huet. D'Buerung zu Munneref war deemools mat ronn 730 m déi déifst an Europa an eng vun deenen déifste vun der Welt; just zu Xinhai an der Provënz Sichuan a China gouf et deemools e Buerlach, dat méi déif war (-1.000 m). Salz huet en zu Lëtzebuerg keent font, mä als "Nieweprodukt" eng Thermalquell. Dës Quell, déi no him "Kind-Quell" gedeeft gouf, war d'Grondlag vum Thermalbad Munneref.
No Munneref huet de Kind zu Passy (haut Paräis) en artesesche Buer uleeë gelooss. En déngt dozou, d'Séie vum Bois de Boulogne ze speisen. Ausserdeem huet hien am Loutrengeschen a soss doruechter no Steekuel gesicht a war Mat-Concessionnaire vun der Géisdrëffer Antimongrouf[5]. Hie war och den Erfinder vum Kind-Chaudron-Procedé.