Luc Feit
lëtzebuergesche Schauspiller a Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Luc Feit, gebuer den 28. Juni 1962 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schauspiller a Filmregisseur, deen zu Berlin lieft.
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Luc Feit | |
---|---|
Gebuer |
28. Juni 1962 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur |
No senger Ausbildung op der Staatlecher Schauspillschoul zu Stuttgart, huet de Luc Feit am Kapuzinertheater zu Lëtzebuerg an op auslännesche Büne wéi d'Volksbühne Berlin, oder am Théâtre national de la Colline zu Paräis ugefaange mat spillen.
De Luc Feit ass a Kinosfilmer vun ë. a. de Regisseuren Nicolas Schilling, Pol Cruchten, Christophe Wagner an Andy Bausch ze gesinn. Hien huet a méi wéi 50 däitschen Tëleesfilmer matgespillt (Stand: 2015) a spillt e puermol d'Joer an Theaterproduktioune mat. Hien huet och bei dräi Kuerzfilmer, souwéi beim Laangspillfilm De Buttek (2019), Regie gefouert.
2002 war hien ënner de Shooting Stars um Filmfestival zu Berlin.
Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir Die dunkle Seite des Mondes nominéiert.[1]