Lëtzebuergesch UNESCO-Kommissioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun, offiziell Commission nationale pour la Coopération avec l'Unesco, ass déi Nationalkommissioun fir Lëtzebuerg am Sënn vum Artikel VII vun der Unesco-Verfassung[1]. Si huet hire Sëtz am Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg[2].
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: vrschidden Datummer an Aussoe passen net |
D'Grënnung vun der lëtzebuergescher Unesco-Kommissioun gouf den 22. Juli 1949 duerch groussherzogleche Beschloss decidéiert. De 15. Dezember 1949,[3], gutt zwee Joer nodeems Lëtzebuerg per Gesetz der UNESCO bäigetrueden ass[4], gouf d'Kommissioun feierlech ageweit. Eischte President war den Historiker Albert Calmes.[5] Si war zënter hirer Grënnung beim Educatiounsministère, bis si am Joer 2001 dem Kulturministère rattachéiert gouf.
Am Dezember 2014 gouf déi Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun op en Neits gegrënnt, an am entspriechende groussherzogleche Reglement sinn d'Ziler am Detail festgeluecht ginn[6]. Haaptzil ass d'Ëmsetze vu Programmer a Projete vun der Unesco zu Lëtzebuerg.
Déi Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun zielt 26 effektiv Memberen, déi iwwer ministeriellen Arrêté fir e Mandat vu 4 Joer bestëmmt ginn. Presidentin ass zënter September 2015[7] d'Historikerin Simone Beck[8], d'Catherine Decker[9] ass Generalsekretärin.
D'UNESCO huet 195 Memberstaaten (Stand: 2012), déi national Unesco-Kommissiounen ageriicht hunn. D'Nationalkommissioune vun der Unesco bilden e speziellt Netzwierk am System vun de Vereenten Natiounen, fir d'Ziler vun der Unesco an hire Memberstaaten ze fërderen an an d'Praxis ëmzesetzen. Si bezéien d'Forces vives aus de jeeweilege Länner, déi mat Bildung, Wëssenschaft, Kultur a Kommunikatioun ze dinn hunn, mat a d'Planung, d'Ëmsetzung an d'Evaluatioun vum breet ugeluechten Unesco-Programm an.