Mario Castegnaro
lëtzebuergesche Gewerkschaftler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mario Castegnaro, gebuer den 29. August 1939 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 4. Januar 2022[1][2], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mario Castegnaro | |
---|---|
Gebuer |
29. August 1939 Déifferdeng |
Gestuerwen | 4. Januar 2022 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler |
Partei | LSAP |
Famill | |
Geschwëster | John Castegnaro |
Hie war Direkter vun der Chambre de travail.
Vun 1991 bis 1993 war hie President vum Conseil économique et social.
Den 20. Abrëll 1999, nom Doud vum Alphonse Grimler, gouf de Mario Castegnaro als Deputéierten an der Chamber vereedegt.[3] Hien huet säi Mandat bis zum Enn vun der Legislaturperiod behalen. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 gouf hien net méi erëmgewielt.[4]
De Mario Castegnaro war Member vum Gemengerot vun der Gemeng Déifferdeng.[5]
Vun 1985 bis 2009 war hie Comitésmember vun der ULC, dem lëtzebuergesche Konsumenteschutz. Hie war do Generalsekretär (-2003) an duerno President (2003-2009).
HIe war de Brudder vum Gewerkschaftler John Castegnaro.