Nico Weber
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Prof. Dr. Nico Weber, gebuer den 28. Mee 1957, a gestuerwen den 22. September 2004, war e lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler. Seng Spezialitéit war d'Erfuersche vu Méisproochegkeet a computerënnerstëtzten Iwwersetzungstechniken.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sproochwëssenschaftler Nico Weber. Fir de Journalist, Editeur an Auteur, kuckt wgl. Nic Weber. |
Nico Weber | |
---|---|
Gebuer | 28. Mee 1957 |
Gestuerwen | 22. September 2004 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist |
Den Nico Weber huet um Centre Universitaire de Luxembourg (1976-1977) an op der Universitéit zu Bonn fir d'éischt Germanistik, Anglistik a komparativ Linguistik (1977-1982), an no senger Maîtrise Kommunikatiounsfuerschung, Phoneetik a linguistesch Informatik (1982-1985) studéiert. 1988 huet e promovéiert, an 1997 krut e seng Habilitatioun.
Vun 1985-1991 huet hien als Systemanalytiker bei enger Privatfirma geschafft, virdrun an duerno e puer Joer laang un engem Projet fir informatiséiert Textanalys kënnen ze maachen.
Vun 1995 u war hie Professer op der Universitéit zu Köln. Hien hat verschidde Gaaschtprofessuren zu Paräis, Warschau, Tomsk a Moskau, an huet un diverse Fuerschungsprogrammer matgeschafft, dorënner een iwwer d'Ausschaffe vun engem Textcorpus fir en Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen.
Hie war Member vum Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique (IGD-LEO), dem Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL), der Gesellschaft für Linguistische Datenverarbeitung e. V. (GLDV), der Association pour le Traitement Automatique des Langues (ATALA), der European Association for Machine Translation (EAMT), der Gesellschaft für bedrohte Sprachen e. V. (GBS) an der Ost-West-Gesellschaft für Sprach- und Kulturforschung e. V.
Den Nico Weber ass mat nëmme 47 Joer am September 2004 verscheet.