Revue (Zäitschrëft)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Revue ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Zäitschrëft, déi den 1. September 1945 ënner dem Titel Revue. Letzeburger Illustre'ert fir d'éischt erauskoum. Se gouf vum Émile Probst gegrënnt, dee se awer no 2 Joer un de Verlag Bourg-Bourger verkaaft huet.
Typ | Periodique |
---|---|
Sprooch | Däitsch |
Éischt Ausgab | 1. September 1945 |
Editiounshaus | Editpress |
Websäit | http://www.revue.lu/ |
Am Ufank koum d'Revue all 14 Deeg eraus, vun 1949 un all Woch. Den Erfolleg an den 1950erJoren hat d'Revue engem Abonementsystem ze verdanken, dat am Ländche komplett nei war. Wann een d'Revue abonéiert huet, konnt een automatesch a gratis vun enger Liewensversécherung profitéieren déi den Iwwerliewenden, am Fall vu sengem Doud, 10.000 Frang ausbezuelt huet. Och d'Säite mat den Hochzäitskoppelen hu vill Lieser bei der Staang gehalen. Ausserdeem hat d'Revue scho fréi eng Comic-Säit, déi vum Gab Weis gezeechent gouf. Mil's Abenteuer hu jorelaang d'Jugend an Otem gehalen. Bis an d'Mëtt vun den 2010er Joren huet d'Revue vun hire Comic-Säite vum Superjhemp profitéiert, gezeechent vum Roger Leiner mat Blose vum Lucien Czuga. Och ville Concoursen huet d'Zäitschrëft hire joerzéngtelaange Succès ze verdanken, déi eréischt duerch den Télécran 1978 eng staark Konkurrenz krut.
D'Revue huet sech am Ufank als Familljemagazin verstanen, dat sech duerch e méi moderne Look an d'Auswiel vun den Theme vun de Publikatiounen aus dem Sankt-Paulus-Verlag ofzehiewe wousst. Am Laf vun der Zäit huet se sech och, mol méi, mol manner, gesellschaftspolitesch Theemen ugeholl. Zanter dem Enn vun den 1960er Joren huet d'Revue eng Bäilag mat den Televisiounsprogrammer, déi zu Lëtzebuerg z'emfänke sinn an déi haut den titel TéléRevue huet.