Superjhemp
lëtzebuergesch Comicserie / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Comicsserie mam Protagonist mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
An all Episod muss de Superjhemp d'Land Luxusbuerg virun engem oder méi Béise retten, wéi dem Filip von Filoux, dem Jessica Jaguar oder anere Polit-Terroristen. A sengen Aventurë begéint een ëmmer erëm Karikature vu verschiddene bekannte Lëtzebuerger, an och déi lëtzebuergesch an international Aktualitéit vum viregte Joer gëtt dodra verschafft.
2006 waren am Ganzen 185.000 Exemplaire verkaf ginn (déi zwéin éischt Bänn haten an deem Ament jeeweils 15.000 Keefer fonnt)[1]. Et ass domat dat meescht verkaaft Buch op Lëtzebuergesch.
2015 gouf d'Serie mat engem Spin-off ersat, de Littel Superjhemp.
Am Oktober 2018 koum De Superjhemp retörns vum Félix Koch eraus, e Spillfilm, deen op de Figuren aus der Superjhemp-Serie baséiert.
Am Juni 2023 gouf zu Miersch eng 500 Kilo schwéier bronze Statu vum Superjhemp, vun der Kënschtlerin Katarzyna Kot, opgestallt.[2]