Rond-point Robert-Schaffner
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rond-point Robert-Schaffner, am Volleksmond Iergäertche genannt, ass e Rond-point am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg.
Numm |
lb: Iergäertchen fr: Rond-point Robert-Schaffner |
---|---|
Deel vun | N52 |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Koordinaten |
49° 36’ 57.2’’ N 06° 10’ 44.4’’ O |
Genannt no | Robert Schaffner |
Den Numm Iergäertche kënnt aus der Zäit ier et e Rond-point do gouf. Et war eng groussflächeg Kräizung, op där verschidde Stroossen (N1, N2 a fréier och nach den CR234 an déi haiteg Rue John-Mac-Adam[1]) openee gestouss sinn a wou déi eenzel Verkéiersstréim duerch Inselen a Gréngfläche vunenee getrennt waren, wat e bëssen un en Iergaart erënnert huet. D'Kräizung gouf uganks vun den 1990er Joren an e Rond-point ëmgebaut, deen 1992 opgaangen ass.
De Rond-point ass nom Robert Schaffner (1905-1979), fréiere Minister ë. a. fir ëffentlech Aarbechten a Verkéier genannt.
Enn 2018 gouf ugefaangen de Rond-point an en Turbo-Rond-point ëmzebauen[2], d'Aarbechte sollte géint Enn Abrëll 2019 fäerdeg sinn[3], konnten awer eréischt Enn Juli 2020 ofgeschloss ginn[4]. De Käschtepunkt fir den Ëmbau louch bei 9,9 Milliounen Euro[3].