Syndicat de communes ayant pour objet la construction, l'entretien et l'exploitation d'un crématoire sur base intercommunale
interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
S.I.C.E.C. ass d'Ofkierzung vum Numm vun engem Gemengesyndikat fir op interkommunaler Basis e Crematorium ze bauen, ze bedreiwen an z'ënnerhalen.
De Krematorium zu Hamm | |
Syndicat de communes ayant pour objet la construction, l'entretien et l'exploitation d'un crématoire sur base intercommunale | |
---|---|
Secteur | Krematioun |
Leedung | Tom Jungen |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Seng Statute goufen duerch Arrêté Grand-ducal vum 8. Juli 1976 erlaabt fir: ‘’la création d'un syndicat de communes ayant pour objet la construction, l'entretien et l'exploitation d'un crématoire sur base intercommunale (S.I.C.E.C.)’’[1]. Déi ursprénglech Statute goufen 1996 duerch eng nei Versioun ersat[2].
Follgend Gemenge si Member am Syndikat:
Bartreng, Bech, Beefort, Beetebuerg, Bettenduerf, Betzder, Biekerech, Biwer, Duelem, Déifferdeng, Diddeleng, Dikrech, Dippech, Ell, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Feelen, Fëschbech, Fluessweiler, Fréiseng, Garnech, Gréiwemaacher, Habscht, Hesper, Iechternach, Ierpeldeng op der Sauer, Jonglënster, Käerch, Käerjeng, Keel, Kielen, Klierf, Colmer-Bierg, Konsdref, Conter, Koplescht, Leideleng, Lëntgen, Lëtzebuerg, Luerenzweiler, Mäertert, Mamer, Manternach, Miersch, Monnerech, Munneref, Nidderaanwen, Péiteng, Pëtschent, Reckeng op der Mess, Réimech, Réiser, Rëmeleng, Rouspert-Mompech, Schieren, Schëffleng, Schengen, Schëtter, Stadbriedemes, Stengefort, Steesel, Stroossen, Suessem, Tandel, Veianen, Wäiswampech, Waldbriedemes, Walfer, Weiler-zum-Tuer, Wolz a Wuermer.