Syndicat des eaux du Sud-Est
interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat des eaux du Sud-Est[1], ofgekierzt SESE, ass en interkommunale Waassersyndikat vun de Gemenge Munneref a Schengen, deen 1936 op Initiativ vum Pierre Diederich vun Elveng tëscht de Gemenge Biermereng, Munneref a Rëmerschen gegrënnt gouf[2].
Secteur | Drénkwaasser |
---|---|
Verwaltungssëtz | Rëmerschen |
Membergemengen | Munneref, Schengen |
Gegrënnt | 18. September 1936 |
Am Ufank war d'Munnerëffer Sektioun Elleng net mat am Syndikat. Dat huet sech am Joer 1949 geännert[3], an an den 1980er Jore gouf nach d'Gemeng Welleschten als Member an de Syndikat opgeholl.
Duerch d'Gemengefusioun 2012 tëscht de Gemenge Biermereng, Rëmerschen a Welleschte gouf d'Zuel vun de Memberen op zwéi reduzéiert. 2016 huet d'Syndikat mat der däitscher Gemeng Perl eng Kollaboratioun beschloss, wouduerch an Noutfäll déi däitsch a lëtzebuergesch Gemenge sech géigesäiteg mat Waasser aushëllefe kënnen. Déi dofir noutwenneg Waasserleitung queesch duerch d'Musel existéiert schonn zanter Joren.
Den Objet vum Syndikat ass fir d'Gestioun vum Drénkwaasser, dat aus eegene Quelle staamt, fir d'Membergemengen ze maachen. De Syndikat liwwert pro Joer (2016) ronn 600.000 Fudder Drénkwaasser un d'Stéit vun den zwou Gemengen[4].
De Syndikat huet säi Sëtz zu Rëmerschen an der Gemeng Schengen[5].