Syndicat intercommunal am Haff
fréieren interkommunale Syndikat zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat intercommunal am Haff war e Gemengesyndikat an deem sech zur Zäit vun der Grënnung d'Gemenge Rëmerschen (spéider ëmgenannt a Schengen), Welleschten a Biermereng zesummegeschloss haten. Allen dräi hunn Enn 2011 zu der Gemeng Schengen fusionéiert[1]. Am Kader vum Fusiounsgesetz gouf de Syndikat opgeléist[2].
Séier Fakten Secteur, Membergemengen ...
Secteur | Kannerbetreiung, Bibliothéik |
---|---|
Membergemengen | Biermereng, Rëmerschen, Welleschten |
Gegrënnt | 27. Mäerz 2006 |
Opgeléist | 24. Mee 2011 |
Zoumaachen
Den Objet vum Syndikat am Originaltext:
Art. 3. – Objet
Le syndicat a pour objet la mise en place et l'exploitation des structures d'accueil suivantes:
- une crèche à Wintrange
- un foyer de jour à Remerschen
- une maison des jeunes à Remerschen et
- une bibliothèque intercommunale dans la commune de Wellenstein
D'Decisioune fir de Syndikat ze grënne goufen an de Gemengen op follgenden Datume geholl:
- Rëmerschen: 14. Dezember 2005
- Welleschten: 31. Januar 2006
- Biermereng: 18. Januar 2006
Den Arrêté grand-ducal vum 27. Mäerz 2006 huet Kreatioun vum Syndikat erlaabt. Deen Arrêté gouf duerno wéinst enger Prezisioun den 29. Mee 2006 liicht ëmgeännert.