Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest
interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest, gekierzt SICONA-Sud-Ouest ass zanter 2018 e Gemengesyndikat fir Naturschutz a Landschaftsfleeg am Südweste vu Lëtzebuerg[1]. De Syndicat gouf ursprénglech 1989 ënnert dem Numm Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature, gekierzt SICONA-Ouest gegrënnt[2].
Séier Fakten Secteur, Leedung ...
De Biodiversitéitszentrum vum Sicona-Sud-Ouest, dem Sicona-Centre an der biologescher Statioun zu Ollem. | |
Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest | |
---|---|
Secteur | Conservatioun, Landschaftsfleeg |
Leedung | Georges Liesch |
Verwaltungssëtz | Bartreng |
Membergemengen | Bartreng, Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Dippech, Garnech, Käerch, Käerjeng, Koplescht, Leideleng, Mamer, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Schëffleng, Stroossen, Suessem, Keel, Kielen |
Gegrënnt | 3. Abrëll 1989 |
Websäit | https://sicona.lu/ |
Zoumaachen
De SICONA-Sud-Ouest huet zesumme mam SICONA-Centre an der biologescher Statioun déi derzou gehéiert, zanter 2014 säi Sëtz an engem Gebai zu Ollem[3]; de Verwaltungssëtz ass de Statuten no an der Märei vu Bartreng[1].