Kommissioun Barroso II
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kommissioun Barroso II ass de Collège vun Europäesche Commissairen ënner der Presidence vum José Manuel Barroso, tëscht 2010 an 2014. Hien hat schonn 2004 bis 2009 d'Europäesch Kommissioun presidéiert (kuckt: Kommissioun Barroso I). Nodeems hie vun de Staats- a Regierungscheffe fir en neit Mandat designéiert gi war, huet hien de 25. November 2009 seng nei Ekipp virgestallt. Se gouf den 9. Februar 2010 vum Europäesche Parlament confirméiert an huet deen Dag drop hiert Amt ugetrueden.
Dat hei sinn d'Kommissäre mat de Porte-feuillen, fir déi se zoustänneg sinn:
Méi Informatiounen Porte-feuille, Kommissär ...
Porte-feuille | Kommissär | Memberstaat | national Partei | europäesch Partei |
---|---|---|---|---|
President | José Manuel Barroso | Portugal | PSD | EVP |
Vizepresidentin, Aussen- a Sécherheetspolitik | Catherine Ashton | Vereenegt Kinnekräich | Labour | SPE |
Vizepresidentin, Digitalen Agenda | Neelie Kroes | Holland | VVD | ELDR |
Vizepresident, Institutionell Bezéieungen a Verwaltung | Maroš Šefčovič | Slowakei | SMER (steet hir no) | SPE (steet hir no) |
Vizepresidentin, Justiz a Grondrechter | Viviane Reding | Lëtzebuerg | CSV | EVP |
Vizepresident, Entreprisen an Industrie | Antonio Tajani | Italien | PdL | EVP |
Vizepresident, Verkéier | Siim Kallas | Estland | ERP | ELDR |
Vizepresident, Konkurrenz | Joaquín Almunia | Spuenien | PSOE | SPE |
Beschäftegung, Soziales a Chancëgläichheet | László Andor | Ungarn | MSZP | SPE |
Bildung, Kultur a Jugend, Méisproochegkeet | Androulla Vassiliou | Zypern | EDI | ELDR |
Bannemaart a Servicer | Michel Barnier | Frankräich | UMP | EVP |
Energie | Günther Oettinger | Däitschland | CDU | EVP |
Entwécklungshëllef | Andris Piebalgs | Lettland | LC | ELDR |
Erweiderung an europäesch Noperschaftspolitik | Štefan Füle | Tschechesch Republik | CSSD (steet er no) | SPE (steet er no) |
Budget | Janusz Lewandowski | Polen | PO | EVP |
Fëscherei a maritim Affären | Maria Damanaki | Griicheland | PASOK | SPE |
Wëssenschaft an Innovatioun | Máire Geoghegan-Quinn | Irland | FF | ELDR |
Gesondheet a Konsumenteschutz | vakant (den John Dalli ass am Oktober 2012 zeréckgetrueden) | Malta | ||
Handel | Karel De Gucht | Belsch | Open VLD | ELDR |
Humanitär Hëllef a Kriseschutz | Kristalina Georgiewa | Bulgarien | GERB | EVP |
Interieur | Cecilia Malmström | Schweden | FL | ELDR |
Klimaschutz | Connie Hedegaard | Dänemark | KF | EVP |
Landwirtschaft a ländlech Entwécklung | Dacian Cioloș | Rumänien | PNL | ELDR |
Regionalpolitik | Johannes Hahn | Éisträich | ÖVP | EVP |
Steieren, Douanesunioun a Bedrugsbekämpfung | Algirdas Šemeta | Litauen | TS-LKD (steet er no) | EVP (steet er no) |
Ëmwelt | Janez Potočnik | Slowenien | LDS (steet er no) | ELDR (steet er no) |
Ekonomie a Wärung | Olli Rehn | Finnland | Keskusta | ELDR |
Zoumaachen