Léon Wurth
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Léon Mathias Wurth (Würth), gebuer den 10. Abrëll 1828 an der Stad Lëtzebuerg,an do gestuerwen den 18. August 1897[1], war e lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten a Bankdirekter.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Léon Wurth | |
---|---|
Léon Wurth | |
Gebuer |
10. Abrëll 1828 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
18. August 1897 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Famill | |
Papp | François-Xavier Wurth-Paquet |
Kanner | Joseph Wurth, Paul Wurth |
Zoumaachen
De Léon Wurth huet zu Léck, Paräis an Heidelberg studéiert an ass 1851 zu Lëtzebuerg Affekot, an 1853 Avoué ginn.
Vun 1864 bis 1872 war hien als Deputéierte vum Kanton Réimech Member vun der "Assemblée des États" resp. der "Chambre des Députés".
Den 11. Oktober 1872 ass hien Direkter vun der Banque Internationale ginn.
An dem Martin Blum senger Bibliographie sinn dräi Memoiren an ee Rapport opgezielt, wou de Léon Wurth Coauteur war[2].
De Léon Wurth war mat der Joséphine Macher bestuet.