De Syndicat intercommunal de gestion informatique, kuerz SIGI, ass e Gemengesyndikat zu Lëtzebuerg deen 1982 gegrënnt gouf[1].
Séier Fakten Secteur, Leedung ...
SIGISyndicat intercommunal de gestion informatique |
---|
Secteur |
Informatik |
---|
Leedung |
Yves Wengler |
---|
Verwaltungssëtz |
Conter |
---|
Membergemengen |
Ärenzdallgemeng, Bäerdref, Bartreng, Bauschelt, Bech, Beefort, Beetebuerg, Helperknapp, Bettenduerf, Betzder, Biekerech, Biissen, Biwer, Bous, Buerschent, Colmer-Bierg, Conter, Déifferdeng, Diddeleng, Dikrech, Dippech, Duelem, Ell, Ëlwen, Esch-Sauer, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Feelen, Fëschbech, Fiels, Fluessweiler, Fréiseng, Garnech, Géisdref, Gréiwemaacher, Groussbus, Hesper, Hiefenech, Iechternach, Ierpeldeng op der Sauer, Jonglënster, Käerch, Käerjeng, Klierf, Konsdref, Koplescht, Leideleng, Lenneng, Lëntgen, Luerenzweiler, Mäertert, Mäerzeg, Mamer, Manternach, Miersch, Monnerech, Munneref, Nidderaanwen, Noumer, Parc Housen, Péiteng, Pëtschent, Préizerdaul, Rammerech, Reckeng op der Mess, Réiden op der Atert, Réimech, Reisduerf, Réiser, Rëmeleng, Rouspert-Mompech, Sandweiler, Schëffleng, Schengen, Schëtter, Schieren, Sëll, Stadbriedemes, Stauséigemeng, Steesel, Stengefort, Stroossen, Suessem, Tandel, Useldeng, Veianen, Viichten, Wäiswampech, Wal, Waldbëlleg, Waldbriedemes, Walfer, Wanseler, Weiler zum Tuer, Wëntger, Wolz, Wuermer |
---|
Gegrënnt |
31. Mäerz 1982 |
---|
Websäit |
https://www.sigi.lu |
---|
Zoumaachen
Seng Aufgabe sinn d'Informatisatioun vun de Gemengen z'organiséieren a virunzedreiwen a se dobäi ze beroden, e gemeinsamen Datenzenter fir d'Gemengen unzebidden an hinnen dobäi hëllefen, hiren Internet-Site op- an auszebauen. Uganks huet de SIGI gehollef de Softwareprogramm Gescom z'entwéckelen, deen am Laf vum Joer 2020 duerch eng nei Software mam Numm Siginova ugefaange gouf ze ersetzen[2].
Mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg sinn all déi aner 101 Gemengen aus dem Land Member am SIGI. Do dernieft awer och nach ronn 60 Gemengesyndikater, 30 Aarmebüroen a knapps 540 Crèchen a Maison relaisen[3].
Zanter dem 13. Juli 2001 ass den Yves Wengler President vum SIGI. Éierepresident war bis zu sengem Doud de François Schaack, den éischte President an dem Yves Wengler säi Virgänger.