Capitani
Lëtzebuergesch Televisiounsserie / From Wikipedia, the free encyclopedia
Capitani ass eng lëtzebuergesch Televisiounsserie vum Thierry Faber (Iddi), Eric Lamhène a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen). Déi éischt Saison gouf am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint.
Serie | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer |
2019 2022 |
Dauer | 2 x 12 x ± 26' |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Follgen |
12 (1. Saison) 12 (2. Saison) |
Éischt Folleg | 2019 |
Episoden | 24 |
Ekipp | |
Iddi | Thierry Faber |
Regie | Christophe Wagner |
Produzent | Samsa Film |
Schauspiller | |
Luc Schiltz als Luc Capitani Claude De Demo als Nadine Kinsch Jules Werner als Mick Engel Julie Kieffer als Manon Boever Timo Wagner als Frank Ferrone Roland Gelhausen als Jim Boever Max Gindorff als Jerry Kowalska Désirée Nosbusch als Diane Bonifas Pierre Bodry als Claude Glodt Luc Feit als Usch Trierweiler Nicole Max als Christiane Ley Raoul Schlechter als Rob Berens Marc Limpach als Gérard Gaspard Jean-Paul Maes als Jean-Pierre Weyrich Jemp Schuster als Pierre Rommes Esther Gaspart Michels als Léa Holmes Al Ginter als Majouer Majerus Josiane Peiffer als Mady Berens Michel Tereba als Sergent Goedert Gabriel Boisanté als Papp vum Lea Holmes Anne Klein als Serveuse Renelde Pierlot als Infirmière Monique Reuter als Madame Kons Jules Waringo als Militaire de garde Matteo Wolf als Tun[1] Nëmmen zweet Saison André Jung als Gibbes König Edson Anibal als Lucky Onu Tommy Schlesser als Arthur König Adrien Papritz als Dominik Draga Edita Malovčić als Valentina Draga Marie Jung als Jeanne Capitani Mickey Hardt als Marc Diederich Larisa Faber als Pascale Cojocaru Philippe Thelen als Toni Scholtes Lydia Indjova als Bianca Petrova Jennifer Heylen als Grace Onu Hana Sofia Lopes als Maria Irene Masiku als Queen Magaly Teixeira als dem Grace seng Matbewunnerin Mola d'Almeida als Kashka Paul Robert als dem Arthur säi Bodyguard Jean-Louis Humbert als Rausschmeisser Freddy Djanabia als Monday Fabio Godinho als Pedro Alexandre Hornbeck als Ludovic Nilton Martins als Augusto Albuquerque Céline Camara als Stella Abasi Charlotte Woolfe als Khristina Christophe Wagner als Comptabel Garba Aboudalaye Raoul Albonetti ... |
Se gouf eng éischt Kéier tëscht dem 1. Oktober an dem 17. Dezember 2019 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen. Zanter dem 11. Februar 2021 ass se weltwäit op Netflix ze gesinn[2]. Dofir gouf se ë. a. op Englesch, Franséisch, Spuenesch an Däitsch synchroniséiert, an an enger Dose Sproochen ënnertitelt.
Déi zweet Saison gouf tëscht dem 15. Mäerz an dem 24. Juni 2021, och ënner der Regie vum Christophe Wagner, gedréint. Si gouf vum 22. Februar 2022 bis den 29. Mäerz 2022 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen a war dono bis den 12. Juni 2022 op RTL Play am Replay ze gesinn[3]. Zanter dem 8. Juli 2022 ass och si op Netflix ze gesinn[4].